Frënn vum Naturmusée

You are here:  Home > Neiegkeeten
top
English Français

Neies bei de Frënn ...

Partnerschaftsvertrag 

14/12/2023

Den Direkter vum Musée national d’histoire naturelle, Patrick Michaely, an de President vum Veräin "Frënn vum natur musée – Amis du Musée national d’histoire naturelle a.s.b.l.", Jean-Pierre (Jim) Meisch, hunn dësen Donneschdeg e Partnerschaftsvertrag ënnerschriwwen, mat dem Ziil eng besser Valorisatioun vun der Aktivitéit vun der Promotioun an der Beräicherung vun de Sammlunge vum Musée duerch d'Organisatioun vun Eventer (Konferenzen, Visite guidéeën, Aféierung an d'Naturgeschicht, etc.), d'Verëffentlechung vu Wierker an d'Sich no Patronagen a Spenden z'erreechen.

Den Direkter vum Musée national d’histoire naturelle, Patrick Michaely, an de President vum Veräin "Frënn vum natur musée – Amis du Musée national d’histoire naturelle a.s.b.l.", Jean-Pierre (Jim) Meisch, hunn e Partnerschaftsvertrag ënnerschriwwen

Erënnere mer drun, dass " Frënn vum natur musée - Les Amis du musée national d'histoire naturelle a.s.b.l."  a seng vill Memberen de Musée säit iwwer zwee Joerzéngten ënnerstëtzen. Déi imposant Rekonstruktioun vum Pliosaurier am Hannergrond vun der Foto gouf eréischt duerch e generéisen Don vun der Associatioun méiglech.

Fannt d'Aktivitéite vum Veräin op www.amnhn.lu

 

« prev top next »

  info@amnhn.lu  www.amnhn.lu

top
top

Powered by CMSimple | website by Jim 2023| Login