Frënn vum Naturmusée

You are here:  Home > De Veraïn > Geschicht
top
English Français

e bësse Geschicht

D’Situatioun vum Musée Enn der 1970er, Uganks der 1980er Joren:

  • E puer Ausstellungsräim
  • Niewent Konscht a Geschicht, ass d’Naturgeschicht just eng Sektioun vun de Musées de l’Etat
  • 3 Leit schaffen a miserabele Konditiounen am Keller an um Späicher
  • E ganz moere Budget, deen et net erlaabt, sech weider z’entwéckelen oder d’Iddie vun de fräiwëllege Mataarbechter ze realiséieren.
 
  • Grennung

    D’Grënnung vun enger Gesellschaft

    Sou kënnt et dann 1982 dozou, datt e Grupp vun Idealisten

    • Josy Huberty
    • Claude Meisch
    • Jim Meisch
    • Marc Meyer
    • Léopold Reichling
    • Norbert Stomp
    • Marc Bley

    sech zesummen deet an decidéiert fir eng Gesellschaft ze grënnen mat folgenden Ziler (cf. Statuten):

    • promouvoir le rayonnement du Musée d’histoire naturelle
    • en soutenir les activités et contribuer à en enrichir les collections et l’équipement par des dons en nature ou en espèces ou par des prêts.
    • éveiller l’intérêt du public par l’organisation de conférences, d’expositions, de visites guidées, par la publication d’articles, d’études et de catalogues

    Vun der éischter Stonn un si mir Member vu Natura, dem Dachverband vun de Natur- an Ëmweltschutzorganisatiounen.

    Éischt Schrëtt

    Heeschebréifer, fir de Musée weider ze bréngen, ginn un all méiglech potentiell Spender geschéckt, wéi Banken, grouss Firmen, Garagen, a.s.w., an der Hoffnung genuch Fongen zesummen ze kréien. De Musée soll anstännegt Basismaterial kréien, fir kënnen ze schaffen.

    • 1983 kritt d’Verwaltung vum Musée eng performant Fotokopiesmaschinn.
    • 1985 gëtt de Fonds culturel geschaaf, a vun dem Moment u kënnen Done steierlech ofgesat ginn.
    • Vun 1986 un kritt de Musée eng Camionnette zur Verfügung gestallt, där hiren Ënnerhalt ganz vun eis gedroe gëtt.
    • Et kommen nach aner Autoen, eng Remorque, e Computer fir de Service graphique (1.000.000.- Frang), eng weider Camionnette fir de Panda-Club, e Barco fir de Service éducatif, e Sequencer fir de Service vun der Populatiounsbiologie, asw…
  • Virdeeler

    A fir eis Memberen

    Niewent sengem Asaz fir de Musée selwer, dee vum Joer 2000 un net méi néideg ass well de Musée vun do un seng Autonomie financière krut, déi him et erlaabt och säi Buttek selwer ze geréieren, sti mir natierlech och vun Ufank un am Déngscht vun eise Memberen.Grupp 2023 Kanech

    Wëssenschaftlech Konferenzen, Formatiounen, Kachcoursen, Visite guidéeë, Dages- an Nuetsausflich, an souguer Kulturreesen an d’Ausland gi regelméisseg organiséiert.

    • Senckenbergmuseum Frankfurt (1983)
    • Elsass (1993)
    • München (1994)
    • Bréissel (1994)
    • Riederalp/Schwäiz (2000)
    • Amsterdam a Leiden (2001)
    • Vogesen (2002)
    • Berlin (2002)
    • Paräis (2008)
    • ...

     

    E grousse Merci un ons ronn 540 trei Memberen an all fréier Comitésmemberen a Presidenten.

    Fréier Presidenten vun den Amis

      • Claude Meisch (1982–1990)
      • Marc Bley (1991–1993)
      • Jean-Marie Mangen (1993–2002)
      • Catherine Faber (2002–2003)
      • Karin Binsfeld (2003–2004)
      • Norbert Stomp (2004–2013)
      • Catherine Faber (2013–2023)
      • Meisch Jim (2023-haut)
« prev top next »

  info@amnhn.lu  www.amnhn.lu

top
Agenda Kalenner

<< March >>
Mo Tu We Th Fr Sa Su
  1
2 3 4 5 6 7 8
9 10 11 12 13 14 15
16 17 18 19 20 21 22
23 24 18:30-?? naturmusée - Cafetéria Assemblée Générale Assemblée statutaire 19:30-21:00 naturmusée - Cafetéria Virtrag Wëllplanzen fir d’Biodiversitéit am naturnoe Gaart 25 26 27 28 29
30 31  

April
  1 2 3 Good Friday 4 5 Easter
6 Easter Monday 7 8 9 10 11 12
13 14 15 16 17 18 19
20 21 22 23 24 25 26
27 28 29 30  

 


 

Linken:

Association des biologistes luxembourgeois

d'stater muséeën

ECGS

Fondation faune-flore

museum(s)mile

SNL

naturmusée

 


Geologie, Natur a Kultur
vun der Schwäbischen Alb
bis an d’Tiroler Alpen
vum 7.-11. September 2026

*****************
Le Dépliant en PDF

Organisation: Dr. Fränk Wagner, Geologe
Catherine Faber, Biologin,
Geneviève Faber, Sekretärin

*****************

 

 
top

Powered by CMSimple | website by Jim 2023| Login