Ënnerstëtzung vum Musée
– Bei senge Campagnen
- D’Aktioun Karblumm mat hiren Affichen an Autocollanten (vun 1985 un);
- D’Aktioun Weier;
- D’Aktioun Loosst d’Päiperleke liewen;
- a nach vill anerer.
– Bei grousse Projeten, wéi zum Beispill:
- mat dem Engagement vun engem Spezialist fir d’Planung vum neie Musée am Hospice Saint Jean am Gronn
- mat dem Engagement vun 3 Wëssenschaftler fir d’Realisatioun vum Projet Life/Habitats vum Ministère de l’Environnement
- mat 4 Millioune Frang a ganz vill perséinlecht Engagement an Iwwerzeegungskraaft beim Projet Musée-Bus 2000
– Beim Kaf vu Kollektiounen
Mir hunn eenzel Conservateure finanziell ënnert d’Äerm gegraff fir wäertvoll wëssenschaftlech Kollektiounen ze kafen
- Mineraliesammlung Pendeville
- Een Deel vun der Frentzen- Sammlung (Gräifvullen)
- De schéine Räer vum schwedesche Künstler Kent Ullberg an der Entrée gouf dem Naturmusée vun de Frënn geschenkt
- Eng Inzenéieung déi de Loschbuermann weist.
– Beim deegleche Fonctionnement an ëmmer da wann et keng aner Léisung gëtt
mécht onse Veräin den Intermédiaire fir enger ganzer Rei vu Leit an verschidde Servicer vum Musée eng Aarbecht ze garantéieren.
D’Amie strecke Peie vir, fir se duerno meeschtens als Subside vum Ministère erëm ze kréien (zäitweileg bis zu 10 Employée).