D’Grënnung vun enger Gesellschaft
Sou kënnt et dann 1982 dozou, datt e Grupp vun Idealisten
- Josy Huberty
- Claude Meisch
- Jim Meisch
- Marc Meyer
- Léopold Reichling
- Norbert Stomp
- Marc Bley
sech zesummen deet an decidéiert fir eng Gesellschaft ze grënnen mat folgenden Ziler (cf. Statuten):
- promouvoir le rayonnement du Musée d’histoire naturelle
- en soutenir les activités et contribuer à en enrichir les collections et l’équipement par des dons en nature ou en espèces ou par des prêts.
- éveiller l’intérêt du public par l’organisation de conférences, d’expositions, de visites guidées, par la publication d’articles, d’études et de catalogues
Vun der éischter Stonn un si mir Member vu Natura, dem Dachverband vun de Natur- an Ëmweltschutzorganisatiounen.
Éischt Schrëtt
Heeschebréifer, fir de Musée weider ze bréngen, ginn un all méiglech potentiell Spender geschéckt, wéi Banken, grouss Firmen, Garagen, a.s.w., an der Hoffnung genuch Fongen zesummen ze kréien. De Musée soll anstännegt Basismaterial kréien, fir kënnen ze schaffen.
- 1983 kritt d’Verwaltung vum Musée eng performant Fotokopiesmaschinn.
- 1985 gëtt de Fonds culturel geschaaf, a vun dem Moment u kënnen Done steierlech ofgesat ginn.
- Vun 1986 un kritt de Musée eng Camionnette zur Verfügung gestallt, där hiren Ënnerhalt ganz vun eis gedroe gëtt.
- Et kommen nach aner Autoen, eng Remorque, e Computer fir de Service graphique (1.000.000.- Frang), eng weider Camionnette fir de Panda-Club, e Barco fir de Service éducatif, e Sequencer fir de Service vun der Populatiounsbiologie, asw…